De Rumpelstilzchen ass zwar eent vun de bekannteste Märercher aus der Sammlung vun de Bridder Grimm, et ass awer och eent vun deene méi kuerzen, an deem Senn datt, anescht wei bei de grousse Geschichten, d’Figuren zwar eng schnell faassbar archetypesch Funktioun hunn, mee relativ weineg psychologesch Déift. De Kinnek ass giereg, d’Duechter en Opfer, de Rumpelstilzchen, dei iwwernatierlech Hëllef, déi als Echange fir en Déngscht der frësch gekréinter Kinnigin hiert eegent Blutt freet.